Journée de l’Europe – 9. Mee

Als Botschafterschoul fir d’Europaparlament wuar den LTL natierlech den 09. Mee op der Journée de l’Europe op der Place de la Résistance (Esch-Brill) dobäi. Moies vun 9h30 bis 13h gouf e Rallye vum EPAS organiséiert do waren d’Themen: sustainable development, artificial intelligence an future of education. D’Schüler vun den 2GCG1, 3GCMF a vum Schülercomité hunn do aktiv bei de Workshoppen matgeschafft. Fir den Dag ofzeschléissen war nach eng Zeremonie wou Rieden vun S.A.R. le Grand-Duc Henri, den Premier Xavier Bettel a Memberen vu Gouvernement, Europakommissaire Nicolas Schmit, Europadéputéierten, Buergermeeschteren gehale gi sinn.

#EPAS #journeedeleurope #ue #ltl #schulercomite_ltl #eu #EuropeDay

Article précédent
Article suivant