Sportsfest a Projetsfoire

Partager

Dëst Joer hu mer de leschte Schouldag flott ausklénge gelooss, mat der 2. Editioun vum Sportsfest an der 1. Editioun vun der Projetsfoire. Et konnt en am Festsall verschidde Projeten déi dëst Joer am Kader vun den Optiounen (COUAO a Minientreprise) gelaf si kenneléieren an d’Resultater an d’Meeschterwierker déi dobäi rauskoume bewonneren. Ausserdeem konnt en sech bei engem Schachtournéier beweisen oder ët sech mat engem Mocktail a frëschem Uebst an der Chillout Area, organiséiert vum Schülercomité, gutt goe loossen. Wärend dem huet bei schéinstem Wierder dobaussen d’Sportsfest stattfonnt. 21 Equippen hunn am ganze matgemaach an hunn a sëllege Kompetitiounen hier Koordinatioun, Kooperatioun, Kommunikatioun a Fitness ënner Beweis misse stellen. Mir felicitéieren dem Ruben, Tiago, Vincent Darley an Aladje vun der 6PF1, dem Amar, Venis, Benjamin an Eron vun der 4GSO3 an dem Nicolas, Tiago, Pharel, Rafael an Feriele vun der 3TPCM2 déi an hire jeeweilege Kategorië gewonnen hunn.

Articles récents

Dans la même catégorie

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.