2GSO1 & 1TCVE – Visitt vum Europaparlament zu Bréissel

Am Kader vun hirem jeeweilege Cours iwwert europäesch Unioun sinn 2GSO1 an 1TCVE mat hire Proffe Maximilian Bach-Defontaine, Sabrina Ribeiro Simões an Mandy Tschiderer den 20.Februar op Bréissel gefuer. An enger flotter Table-Ronde mam Haer Charles Goerens, Martine Kemp, Tilly Metz an Isabel Wiseler-Lima konnte Schüler hir Froen zu allem méiglechem stellen. Dono ware mer an den Hemicycle wou Schüler de Sall konnte gesinn, wou EU-Politiker debattéieren a schliisslech och Entscheedunge fir Europa huelen. An engem Rollespill nomëttes konnte Schüler da selwer Roll vu Politiker iwwerhuelen an iwwer 2 EU-Richtlinnen diskutéieren a Gesetzer erloossen.