Categories:

International Holocaust Remembrance Day

Am Kader vum « International Holocaust Remembrance Day » huet den LTL eng « Semaine de la mémoire de la libération d’Auschwitz et de la Shoah » organiséiert. Vum 22. bis de 26. Januar goufen divers Aktivitéiten ugebueden. Iwwer 600 Schüler hun dovunner profitéiert.

D’Schoulklassen konnten deelhuelen un: Visitten am nei renovéierte Musée national de la Résistance et des Droits Humains, d’Projektioun vum Film « Jojo Rabbit » an der Kufa mat Workshop moderéiert vum ZpB, d’Projektioun vum Film « Les secrets de mon père » am LTL mat dem Témoignage vum Herr Julien Joseph, en Zäitzeien vun der 2. Generatioun.

Fir d’Enseignanten wuar eng Diskussiounsronn zum Thema „Erënnerungskultur/en an der Jugendaarbecht“ a Präsenz vum Charles Goerens, Marc Schoentgen, Julien Joseph a Yannick Frantz.

Partner: ZpB, MnRDH, Témoins de la deuxième génération, Comité Auschwitz, Memo Shoah, Grenzenlos gedenken

Merci den engagéierten Enseignanten.