Categories:

Greenweek

Och dëst Joer ass wärend der Greenweek nees de Fokus op d’Ëmwelt an  d’Nohaltegkeet geluecht ginn. A well en dës Themen am beschten an der  Natur direkt beobachten an erfuersche kann, hate mer Klasse vum  Ellergronn am Süden, iwwer Huelmes am Zentrum bis héich uewen op  d’Kalbermillen am Norden ënnerwee. Mee och am LTL selwer ass  d’Thematik net ze kuerz komm. An der Agora konnten d’Schüler sech mat  der Ausstellung « eaux circulaires » vun der « Administration de la gestion de l’eau » ausernanersetzen oder déi geupcycelt Produite vum « Grenge Moart » bewonneren. Mee awer och a sëllegen Aktivitéiten an Atelieren hunn eis Schüler den Impakt vum Mënsch op eis Ëmwelt analyséiert, thematiséiert a reflektéiert. Merci u jiddereen aus der Schoulcommunautéit den dozou bäigedroen huet dass och dëst Joer d’Greenweek nees en Hikucker an eng léierräich Erfarung fir Jonk a bësse manner Jonk war. An och e grousse Merci un all d’Intervenanten  déi bei eis an den LTL komm sinn, oder eis bei sech empfaangen hunn.

Article précédent
Article suivant