Categories:

Green Week – Merci!

Och dëst Joer gouf et am LTL nees eng Greenweek, wärend däer eis SchülerINNEN sech hirer Verantwortung als Acteur an enger globaliséierter Welt bewosst si ginn. Wéi eng Begleeterscheinungen bréngt d’Digitaliséierung mat sech? Wourop sollt ech en Aen hunn, wann ech Kleeder kafe ginn? Wat geschitt mat mengem Offall? Äntwerten op des an nach vill méi Froen kruten si an den villen Atelieren, déi am LTL organiséiert goufen, an op deenen ville Visitten uechter d’Land, déi fir si organiséiert goufen.

E grousse Merci geet un déi vill Acteuren, déi hiert Wëssen mat eis gedeelt an hir Dieren fir eis opgemaach hunn:

  • Der Gemeng Esch
  • Der Caritas an weideren ONG’en  fir hiren Atelier “Our World, our future”
  • Fairtrade Lëtzebuerg
  • der Superdreckskëscht
  • Dem Escher Geméisgaart
  • Greenpeace Lëtzebuerg
  • Dem Ministère du Développement durable
  • Dem Tom Haas an senger Emweltschoul
  • Dem Aerdscheff
  • Der Kalborner Millen
  • Dem SNJ
  • Natur & Ëmwelt
  • Youth4planet
  • Der ASTM
  • Dem Déierefotograf David Wagener

Sou wéi dem Service Technique an alle Proffen an SchülerINNEN, déi aktiv matgehollef a gestalt hunn.