Categories:

4GSO4 – Concours Foetalen Alkoholsyndrom

D’Schüler vun der 4GSO4 hunn bei engem Concours iwert d’Präventioun vum Foetalen Alkoholsyndrom mattgemeet, dee vun ARCUS, Quai 57 an der Fondation André Losch organiséiert ginn ass. Matt hierer Kreativitéit hunn d’Schüler Plakater erstallt, déi virum Alkoholkonsum während der Schwangerschaft sollen opklären.
Des Plakater si vun engem Jury, deen aus verschiddene Professionellen aus dem politesche Beräich, dem Sozial- a Gesondheetssecteur bestan huet, gekuckt ginn an d’Plakat vum Inês Costa Pereira an dem Tatiana Gomes Da Silva ass als dat zweet Bescht vun 43 Plakater gewielt ginn! Den 20. Dezember kruten d’Inês an d’Tatiana während enger feierlicher Zeremonie um Kierchbierg hiere Präiss iwerreecht.