Categories:

Réagis

Am Kader vum Projet « Réagis » ginn all eis 6en, 4en an 2en forméiert fir en Häerz-Kreeslaf Stëllstand richteg ze identifizéieren. Dono léieren se eng Häerzmassage ze realiséieren an och de richtege Gebrauch vun engem Defibrillator (défibrillateur automatique externe). D’Zil vun dësem Projet ass et fir d’Unzuel u Leit déi erfollegräich reaniméiert ginn ze erhéije, wat just méiglech ass wa sou séier wéi méiglech  déi richteg Reanimatiounsmoossnamen duerchgefouert ginn.