Categories:

Bilan Wantermaart 2022 (Young Needs)

D’Assoziatioun “YOUNG NEEDS” kritt 2.750 € vum Erléis vum “Wantermaart”, eng Aktioun organiséiert vun de Schüler an den Enseignanten vum Lycée technique Lalléng.

Young Needs hëlleft do, wou all aner Instanz aus diversen administrativen a prozedurale Grënn net gréift an de Jonken mat sengem Leed duerch de Raster fällt.

Young Needs fänkt genau dës Jonk op duerch eng punktuell finanziell oder materiell Ënnerstetzung.

Young Needs, dat sinn 8 Jugendaarbechter, déi iwwezeegt sinn, dass:

All Besoin huet e Recht drop seng Platz ze kréien.
Och eng kleng Hëllef kann grouss Suergen huelen.

D’Präsidentin vun der Assoziatioun, d’Madamm Stéphanie Muller, assistante sociale am SePAS vum LTL huet an enger engagéierter Ried, e puer Beispiller ginn, wou Young Needs gehollef huet:

  1. Ee Meedche wat ganz engagéiert war am Cours à option zum Thema “Mémoire de la Shoah” konnt sech déi pädagogesch Reess a Polen an d’Konzentratiouns- an Exterminsatiounslager Auschwitz/Birkenau net leeschten. Young Needs huet dëst erméiglecht.
  2. Ee Jonken deen haart fir säi Premièresdiplom geschafft huet, konnt sech kee Kostüm leeschte fir Ofschlossfeier. Och hei huet Young Needs net gezéckt, fir dat z’erméiglechen.
  3. En anere Jonken huet seng Mamm verluer an huet misse vun haut op muer alleng wunne goen.Hei huet Young Needs d’Locatiounskautioun virgestreckt.
  4. Engem Jonken säi Papp hat en Aarbeschtsakzident a kritt zanterhier d’Invalidenrent. D’Lach am Familjebudget huet matt sech bruet, dass de Jonken säin Iessen an der Schoul net méi bezuele konnt. Och hei huet Young Needs d’Käschten iwwerholl.
  5. Des öfteren hëlleft Young Needs, wann d’Suen einfach net duer gi fir Kleeder a Schong, oder Kichematerial fir déi éischt Wunnéng.
  6. Vill weider Demanden leien um Koup bei de Verantwortleche vun Young Needs, all Kéier ee Jonken mat vill Hoffnung ënnert d’Aerm gegraff ze kréien.

D’Madamm Muller huet all de Schüler an Enseignanten aus dem LTL Merci gesot, déi sech um Wantermaart engagéiert hun an soumat dësen Don erméiglecht hunn.

“Merci, dass daer eis hëlleft ze hëllefen”