Categories:

Besuch vun der Expo zu « Re-Retour de Babel »

De Projet « Retour de Babel » beliicht de Phänomen vun der Migratioun zu Lëtzebuerg.

Heifier goufen am Joer 2007 Persounen, déi a Lëtzebuerg immigréiert sinn, portraitéiert an zu den Themen Identitéit, Heemecht, Famill, Sprooch an Integratioun interviewt.

D’Schüler vun der 7G02 konnten sech am Kader vum Workshop den 2. Dezember 2022, dee vun der Erziel-Kënschtlerin Luisa Bevilacqua encadréiert gouf, mat deene selweschten Themen auserneesetzen. Heifir sinn si op Diddeleng an de Centre d’Art Nei Liicht gefuer an hu sech d’Expositioun mam Titel « Re-Retour de Babel » ugekuckt.

An deem Kader goufen ënnert anerem Protraiten vun den Nokomme vun den Immigranten wéi och Aarbechte vu Kënschtler zum Thema Migratioun exposéiert.  Begleet goufen si vun der Madame Schimberg an der Madame Dervisi.

https://www.re-retourdebabel.lu/

 

Article précédent
Article suivant