Categories:

D’4GCM2 fir dën Déiereschutz

D’Klass 4GCM2 huet sech am 1. Trimester fir den Déiereschutz staark gemaach. Sou huet de Grupp „Golden Paw“ (Gaëlle, Joana P., Ariana, Diana, Andréina) um Wantermaart vu Pets Angels e Stand gehat wou se hieren Erléis dëser Associatioun zoukomme gelooss hunn.

De Grupp „No Paws Left Behind“ (Kuo, Bruno, Jayson, Rodrigo, Daniele) hu sech fir d’Diddelenger Déierenasyl engagéiert. Si waren op der Plaz hëllefen an hunn Gebäck verkaaf fir hinnen den Erléis ze spenden.

An zu gudder lescht war de Grupp „Pawfection“ (Luna, Ena, Catarina) fir den ASAP (Déierenasyl Schëffleng) aktiv. Sie waren och op der Plaz hëllefen an hunn mat enger Këscht e.a. an der Konferenz Saachspenden gesammelt.