Studiereess a Polen

Partager

Am Hierscht 2021 huet fir déi éischte Kéier ee Grupp aus dem LTL un der Studiereess an d’Konzentratiouns- a Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau deelgeholl. Des Reess gëtt organiséiert vun der Assoziatioun “Témoins de la Deuxième Génération” (www.temoins.lu).
Déi 8 Schüler hunn zesumme mat hierem Begleeder den 28. Oktober Owes um 10 Auer déi laang Busfaart bis a Polen ugetrueden. Vu Freides bis Méindes war de Programm vollgepak:

  • Visitt vun den zwee Lageren Auschwitz I – Stammlager a Birkenau mat Gedenkzeremonien
  • Pädagogesch Workshops (Banalisatioun vun der Shoah, dat Jüddescht Liewen zu Oswiecim….)
  • Visitt vu Krakau (Alstat, Jüdesche Ghetto, Jüdescht Véirel Kazimierz)

Wéi si Dënsdes Mëttes nees zu Lëtzebuerg ukomm sinn, war et fir si kloer, dass si nach vill méi wollte gesinn a léieren. Duefir sinn der 6 vun hinnen am Dezember nach emol zu Krakau gewiercht. Dëste Kéier awer mam Flijer, begleed vun engem Member vum Verwaltungsrot vun “Témoins de la deuxième génération”.
Och wann de Programm méi “liicht” war, mat flotte Visitte vu Krakau (Musée vun dem mëttelalterleche Krakau, Salzminn Wieliczka, d’Burg vum Wavel…) hun si sech nach eng Kéier intensiv mat der Shoah ausenaner gesat:

  • D’Fabrick vum Oskar Schindler an original Dréiplazen an der Alstat vu Krakau
  • Spadséiergang duerch de Ghetto an de jüdesche Véirel Kaziemierz, haut ee liewegen a faarwege Studentevéirel

Am Juli 2022 huet de Francesco BORDIGNON vu sengen erfarungen erzielt, op der nationaler Gedenkfeier fir d’Deportatioun vun de Juden zu Lëtzeburg zu Cinqfontaine, a Presenz vum Chamberspräsident, der Familjeministesch, dem Präsident vun den “Témoins de la deuxième génération” an Euorpadeptutéierten a villen anere Vetrtieder vun der Gesellschaft. Hie gouf am Numm vun der ganzer Grupp vun allen gelueft fir säin Asaz.

Begleeder aus dem LTL:

  • Serge ATTEN

Schüler:

  • Mike ANEN
  • Francesco BORDIGNON
  • Océana DA SILVA PINTO
  • Rafaela LOPES MACIEIRA
  • Claude MARX
  • Denis MEDJEDOVIC
  • Diana SANTOS SIMOES
  • Mandy SCHNEIDER

Member vum Verwaltungsrot:

  • Kim SCHORTGEN

Articles récents

Dans la même catégorie

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.