2GSO2 – Projet Hope

Lescht Schouljoer konnte Schüler vun der 2GSO2 aus dem LTL am Kader vun den COUAO e gréissere Projet starten vir op Atong Apo op de Philippinnen bei der Renovatioun vun 2 Schoulen ze hëllefen.

Duerch hier Hoodie-Aktioun, Verkaf vu Kuch, Demanden vir Sponsoring an Don’en an duerch hier Optrëtt an der Press (Radio, TV a Press) hu si et fäerdeg bruecht a just puer Méint 5760€ ze sammelen an ze spenden.

Mat deene Suen konnten di 2 Schoulen renovéiert gin a souguer nach 2 weider Projete op der Insel. Leider war virun e puer Wochen de Supertyphoon Odette deen schwéier Schied op  der Insel hannerlooss huet. Bal all Haus ausser di 2 Schoulen goufen beschiedegt oder zerstéiert. Aus deem Grond hunn d’Schüler vun der 1GSO2 decidéiert hire Projet ze verlängeren an der Insel Apo och dëst Joer weider ze hëllefen.

Article précédent
Article suivant