Categories:

Wantermaart Scheckiwwerreechung

Phenomenal 4531,47 Euro sinn dëst Joer um Wantermaart am LTL zesummegedroe ginn. An dat verdanke mer just ärem Engagement an der gudder Zesummenaarbecht vun der ganzer Schoulgemeinschaft. Dës Sue wäerten zwou karitativen Associatiounen zugutt kommen an zwar Zefi-Zesummen fir Inklusioun a Lëtzebuerg-Montenegro. Dank der Bourse
Majany konnte mer dës Zomm op 5200 Euro erhéijen, sou dass all Associatioun e Scheck vun 2600 Euro konnt iwwerreecht kréien. ZEFI setzt sech dofir an dass Kanner a Jugendlecher mat spezifesche Besoinen déi néideg Ënnerstëtzung an hirem Schoulalldag kréien. A Lëtzebuerg-Montenegro plangt d’Suen an e Minibus ze stieche fir et Kanner aus rurale Géigenden ze erméiglechen an d’Schoul ze kommen.

 

Article précédent
Article suivant