Categories:

Réckbléck op eis éischt Demokratie Woch am LTL

An der Woch vum 23.-27. Oktober huet den LTL seng éischt Editioun vun der „Demokratie Woch“ organiséiert.  Wärend dëser Woch hunn eis SchülerInnen aktiv un enger ganzer Rëtsch vun Atelieren ronderëm d’Thema ‚Demokratie‘ deel geholl.

Fir den Optakt vun der Woch, huet den LTL an Zesummenaarbecht mam Jugendrot, all seng 3èmen op eng Table ronde zum Thema „Engagement vu Jugendlecher zu Lëtzebuerg“ an de Festsall invitéiert. Bei dësem Event koumen ausschliisslech déi Jonk zu Wuert. Sou hunn eis Vertriederin vum Schülercomité, d’Helena Da Cruz (5G01), den Dany Semedo (CNEL), d’Anne Hierzig (youngcaritas), d’Jasmine Winandy (move.), d’Lana Despotovic, (jugendparlament) an d’Sara Thill (Landjugend a Jonkbaueren) ganz ënnerschiddlech Beräicher a Perspektive vun Engagement opgewisen an sech de Froen vun eise SchülerInne gestallt.

Diversitéit gouf dunn och an de kommenden Deeg grouss geschriwwen. All Dag konnte Klassen sech fir Ateliere, Visitten oder Projeten aschreiwen, déi op hie ganz eege Manéier sech mat demokratesche Prozesser an/oder Werter ausernaner gesat hunn. Déi ëmmer méi grouss Offer vum Zentrum fir politesch Bildung huet eise SchülerInnen direkt eng ganz Rei vun Ateliere a Visitten erméiglecht, bei deenen si ënnert anerem déi parlamentaresch Aarbecht konnten observéieren a simuléieren. Mee och aner Weeër fir seng Stëmm an der Gesellschaft mat anzebrénge goufen exploréiert. Rappe mam Corbi, graffe mam Stitch, oder eng Biergerbühn mam Theaterkollektiv ILL fir just e puer ze nennen.

 

Mir soen all de Participanten, Enseignanten an Organisatiounen déi matgeschafft hunn e grousse Merci fir dëse villsäitege Programm konnten ze realiséieren. Mir hoffen datt dëst net en Enn, mee den Ufank vun engem méi nohaltegen Engagement an enger Stäerkung vun der demokratescher Kultur an eisem Lycée war.