Categories:

Pride Days @ LTL

Fir eng éischte Kéier sinn an eisem Lycée d‘Pride Days organiséiert ginn.

Fokus war Sensibiliséierung vun LGBTQ+. Dowéinst hu mir e puer Workshops iwwert de ganze Juni souwéi Ufank Juli organiséiert.

Et gouf en opklärereschen Volet an e méi kreativen. Vertrueden waren d‘CIGALE, de Planning familial, de Make-up Artist Luca de Michele, den Historiker Jérôme Courtoy, sou wéi d‘4motion asbl. Et goufen Facecharts, Podcasts a Biographien vun Opfer vun der Homosexuellenverfolgung kreéiert.

Zum Schluss hu mer während eisem Event Dag zesummefonnt fir e schéinen Ofschloss mat engem Poetry Slam zum Thema Léift an engem flotte Quiz ze erméiglechen. Nach eng Kéier Merci un all déi, déi bedeelegt waren.