Categories:

LTL fir dën Déiereschutz

Dëst Joer hu sech eis 4GCMen fir den Déiereschutz agesat. Bei sëllegen Projeten goufen Suen oder Material gesammelt an souguer op der Plaz selwer eng Hand mat ugepaakt. Beneficiairen waren d’Lëtzebuerger Déiereschutzliga, Pets Angels, d’Diddelenger Déierenasyl , Give Us a Voice an d’Gaasperecher Déierenasyl. An zu gudder lescht huet d’4GCM4F de Projet « e Stopp fir de Mupp » vun der ASA am LTL etabléiert. Dëse Projet ass wärend der Greenweek presentéiert ginn an huet net nëmmen de But d’Ausbildung vun engem Assistenzhond ze finanzéieren, mee soll och zu der Nohaltegkeet bäidroen andeems Plastikstëpp gesammelt ginn. All dës Projeten sinn ëmmer finanziell vun der Bourse Majany ënnerstëtzt ginn. 

Article précédent
Article suivant