Navigation

Mérite Jeunesse

Méindes, den 11. Dezember 2017 huet de Prënz Guillaume den LTL besicht fir eise Schüler den international unerkannten Award « Mérite Jeunesse » ze presentéieren. Heibäi handelt et sech em eng Unerkennung fir Jonker tëschent 14 a 24 Joer, déi sech an der Beräicher Sport, Benevolat an Talent engagéieren. No der Presentatioun gouf den Accord de Partenariat vum Prënz Guillaume an eiser Direktioun ënnerschriwwen.


 

Wëlls Du Dech challengen? Wëlls Du Dir, Denge Frënn an Denger Famill weisen, zu wats Du wierklech capabel bass? Bass Du tëschend 14 a 24 Joer? Dann ass de Mérite Jeunesse genee dat Richtegt fir Dech!

  • Et gi vill Grënn fir beim Programm aktiv ze ginn:
  • Vum éischte bis de leschten Dag ass et e richtegt Abenteuer.
  • Du léiers vill Leit kennen an am Team ze funktionéieren.
  • Du léiers nei Saachen a bass och kierperlech aktiv.
  • Du wäerts Spaass hu mat Dengem Programm, deen’s Du Dir selwer zesummerstells.
  • Du entdecks Talenter an Dir, un déi’s Du nie gegleeft häs.
  • Du mechs Saachen, déi Dir Freed maachen an déi zu Denger Passioun ginn.
  • Du kriss e Certificat dee weltwäit unerkannt ass.

Stell Dech der Erausfuederung a maach mat beim Mérite de Jeunesse!

Méi Informatioune fënns Du hei:

Permanence: Ëmmer Méindes vun 12h30 – 13h30 am Sall IO13 (RDCH)