Categories:

Studierees a Polen

Vum 25ten bis den 29ten Mäerz waren 13 Schüler vun den 2GSO mat hire Proffen op engem Ausfluch. Am Kader vum sougenannten « Projet Mémoire » ass et drëms gaangen de Schüler d’Thematik vum 2.Weltkrich, Rassismus, Ënnerdréckung vu Minoritéiten an dem Gedenken unhand vun der Geschicht vu Polen op eng praktesch Aart a Weis mi no ze bréngen. Mee et ass net nëmmen em den 2.Weltkrich gaang, mee och em Geschicht a Kultur vum Land.

Méindes ass et vum Findel Richtung Krakau gaang, vun do aus, si mer weider Richtung Warschau gefuer. En Trëppeltuer duerch d’Stad huet de Schüler verschidde Bauten a Quartier’e vun der Stad gewisen: Konstitutionsplaatz, Folterkummer vun der GESTAPO, de Kulturpalast, Alstad, Erënnerung un de Warschauer Ghetto souwéi déi verschiddenen Monumenter zu dem Warschauer Opstand. Nomëttes konnten d’Schüler dunn am Kopernikus Wëssenschaftsmuseum selwer aktiv ginn.

Den 3.Dag si mer nees zeréck op Krakau gefuer. Op engem sonnege Velostuer, hunn d’Schüler eppes iwwert d’Geschicht vu Krakau geléiert, wat am Géigesaz zu Warschau komplett vum 2.Weltkrich verschount bliwwen ass. Nomëttes konnte Schüler dunn eleng de Musée an der Fabrik vum Oskar Schindler besichen.

Donneschdes si mer dunn an d’Konzentratiounslager vun Auschwitz-Birkenau gefuer. Op enger Visite guidée hunn d’Schüler vill iwwert de fuerchtbaren Alldag vun de Gefaangen an de Lager geléiert. Virun allem d’Gréisst vun Auschwitz II mat 90.000 Judde war schockéierend. Als Ofschloss vun der Rees stoung dunn nach d’Visite vun der Salzmine zu Wieliczka um Programm, ier et dunn Freides nees heem gaang ass.

Article précédent
Article suivant

Porte ouverte

Greenweek

Dë grénge Moart

Workshop Caritas