Theater Cours d’accueil

Partager

Franséisch léieren ass einfach, wann een dobäi kann Theater spillen! 🎭✨

Gären deele mir e puer Biller 📸 vun eiser Präsentatioun mat de Schüler a Schülerinne vum Cours d’Accueil am LTL 🏫

Dësen Theater- a Sproochecours gouf als COURS OPTION am Lycée Technique de Lallange – LTL ugebueden. D’Theaterpädagogin Diane Catani huet zesumme mat de Proffe Sonja Schmitz a Wilma Alves a mat de Schüler aus 12 verschiddene Länner 🌍🌎🌏, Zeene kreéiert. Mam Fliger ✈️ aus Kartrong waren d’Accu-Schüler op eng Weltrees a hunn dem Publikum méi vun hiren Hierkonftslänner erzielt. Natierlech op Franséisch 🇫🇷🗣️.

D’Zil vun dësem Integratiounscours war et, déi franséisch Sprooch an engem lockeren Ëmfeld anzeüben 💬, sech mat aneren ACCUEIL-Schüler iwwer déi perséinlech Integratiouns-Erfarung auszetauschen an seng eege Kultur an Identitéit theatralesch zum Ausdrock ze bréngen 🎬❤️.

Merci dem Publikum 🙏 fir hier Präsenz, der Technik 🎧 fir hier Ënnerstëtzung an der Direktioun 🏛️, déi dëse Projet méiglech gemaach huet.

Articles récents

Dans la même catégorie