E Mëttwoch den 1. Juli huet LTL Demokratie eng Diskussiounsronn zum
Thema „Zesummeliewen a Sécherheetsgefill am ëffentleche Raum“
organiséiert.
D’SchülerInnen konnten sech fraiwëlleg umellen fir zesummen mat eisen
Invitéeën, dem Liz Braz (Politikerin an Affer vu Gewalt am ëffentleche
Raum), Tim Pauly (Commissaire en Chef bei der Police) a Boris Molitor
(Streetworker zu Esch) iwwert eng Thematik ze diskutéieren déi eis all
eppes ugeet. Moderéiert gouf den Débat vum Armand Back, Chefredakter
beim Tageblatt.
Jiddereen konnt hei oppen seng Ängscht an Erfarungen deelen, respektiv
aus senger jeeweileger Perspektiv iwwer Aggressiounen an Harcèlement
informéieren.
D’SchülerInnen hunn hei net just nogelauschtert — si hunn aktiv
matgeduecht, Froe gestallt a sech an engem uschléissende Workshop iwwer
méiglech Léisungsusätz ausgetosch.
E grousse Merci un all eis Invitéeën an all déi SchülerInnnen déi sech
fräiwëlleg engagéiert hunn!









