Enn Abrëll wor d’1TCVE mat hiren Enseignanten, den Hären Bartocci an Carelli, ob Visitt bei engem vun eise lokalen Partner, dem Minett Kompost-Syndikat um Monkeler. Wärend engem spannenden Rondgang um Site kruten d’Schüler d’Anlag erkläert an vill spannend Informatiounen zum Prinzip vum Kompostéieren. D’Visite huet deemno perfekt an de Kader vun eiser Greenweek gepasst, wärend där mir versicht hunn eis Schüler fir d’Prinzippien vun der Nohaltegkeet ze sensibiliséieren. Als Lycée soen mir den Mataarbechter vum Site, déi dëse Besuch erméiglecht hunn, an am Speziellen dem Här Gröll, deen d’Klass ronderëm gefouert huet, e grousse Merci!








