D’5G08 war dë 19. Mäerz mat hieren Enseignanten Tatyana Back an David Petry an der Abbaye de Neumünster op der Ausstellung vu Médecins Sans Frontières.
Am Laf vun dësem Nomëtteg haten d’Schüler d’Geleeënheet, d’Mataarbechter vu Médecins Sans Frontières kennen ze léieren an hinnen e puer Froen ze stellen.
Si hunn geléiert, wéi bedürfteg Mënschen betreit ginn, wéi Persounen, déi un Ebola oder Cholera erkrankt sinn, versuergt ginn, an si konnten och un engem Escape Game deelhuelen. Dobäi haten si d’Méiglechkeet, eng komplett Schutzkleedung unzedoen, déi géint den Ebola-Virus schützt.











