Am Kader vum Projet « Mémoire » haten 2e Schüler Geleeënheet sech ze melle fir mat op Berlin ze goen. De 7.Mäerz ass et moies fréi mam Fliger lass gaang. Mëttes hu mer mam Vëlo eng kleng Entdeckungstour gemaach. Um Programm stounge ganz vill Aktivitéite ronderëm den 2.Weltkrich, de kale Krich a Kultur zu Berlin. Mir sinn ënnerierdesch Tunnel’en a Bunker’e besiche gaang, waren am Deutschlandmuseum, am KZ Ravensbrück an zu Sachensenhausen, hunn e Graffiti Workshop gemaach, waren am Alliéierte Museum, an der Topographie des Terrors, am Spionagemuseum, am Stasimuseum, hunn eng Kanu-Tour op der Spree gemaach a waren zum Ofschloss am Reichstag. Et war eng onvergiesslech Woch bei där Schüler net nëmme méi zur Geschicht gewuer ginn si mee och ënnerschiddlech Kompetenze konnte stäerken.
Mir soe jidderengem Merci den Deel vun dësem Projet war an en onvergiesslech gemaach huet. Mir soen och der Direktioun vum LTL an der Œuvre nationale Grande-Duchesse Charlotte merci fir di finanziell Ënnerstëtzung.












































































































































































