Am Kader vum Kapitel iwwert « Gemenge » war 3GSO2 en Donneschdeg den 19. Mäerz op Besuch beim Escher Buergermeeschter, dem Här Christian Weis. Nieft esou munchen Erklärungen iwwert Fonctionnement an Aufgabe vun enger Gemeng esouwéi dem Schäffen- a Gemengerot, krute Schülerinnen a Schüler awer och Zäit all hir Froen un den Här Weis ze stellen.






