2GSO1 war am Kader vum Kuer iwwert d’Europäesch Unioun op Bréissel.
Moies konnten si am Parlamentarium nëtzlech Informatiounen iwwert d’Entsteeung vun der EU, d’Memberlänner an aktuell Problemer kréien. Dono haten se dunn nach
d’Méiglechkeet, am Austausch mat de verschiddenen EU-Deputéierten hir Froen ze stellen. Merci dem Charles Goerens, der Tilly Metz, der Isabel Wiseler-Lima, der Martine Kemp an dem Marc Angel fir hir Zäit.
Als Ofschloss konnten d’Schüler sech selwer als EU-Deputéierter versichen. A verschiddene Parteie sollten si iwwert 2 Reglementatiounen debattéieren a versichen Kompromësser ze fannen.













