Holocaust Remembrance Day

Partager

Am Kader vum Holocaust Remembrance Day, deen all Joer vum Zentrum fir politesch Bildung organiséiert gëtt, huet den LTL un zwou Aktivitéiten deelgeholl.

E Freiden (30.01.26) haten d’ Schüler vun der 7G02 an der 7G04 d’Chance dem Témoignage vum Rob Ruijs nozelauschteren. Hien ass an Holland an och zu Lëtzebuerg als Témoin de la 3e Génération ënnerwee. Dem Herr Ruijs säi Grousspapp, de Richard Hellmann, ass an den 30er Joeren op Lëtzebuerg komm, war zu Fünfbrunnen internéiert an ass vun do op Auschwitz bruecht ginn. Hien ass direkt no der Arrivée zu Auschwitz-Birkenau fir d’ Gaskummer selektionnéiert ginn. D’Schüler konnten sech Originaldokumenter ukucken.

E Méinden (02.02.26) waren d’ Schüler vun der 4GSO2 an der 3GSO1 am Musée national de la Résistance et des Droits Humains an hun um Atelier  “Meine Familie wurde ermordet. Die Verfolgung der Sinti und Roma in Europa” deelgeholl. D’Madamm Carmen Spitta ass déi lescht Iwwerliewend vun hirer Famill, déi bis op e puer Persounen, all Affer gi sinn vun den Nationalsozialisten hirer Rassenverfolgung.

Den Här Ruijs an d’Madamm Spitta hu sech Zäit geholl fir de Schüler op hir sëllege Froen ze äntweren.

Articles récents

Dans la même catégorie