Am Kader vun der Aktivitéit MengChamber, organiséiert vum Zentrum fir politesch Bildung (ZPB), waren d’Schüler vun der 3GSO4 an der Stad fir den Atelier DemocraCity. Si hunn hir eege Partei gegrënnt a politesch Prioritéiten ausgeschafft. Duerno hate sie e Gespréich mat den Députéierten Mandy Minella a Francine Closener a konnten sech och de Plenarsall vun der Chamber ukucken.





