Am Kader vum Thema vum 2.Weltkrich war 2GSO1 den 18.Dezember bis rop op Cinqfontaines gefuer. Do steet en aalt Klouschter wat wärend dem Krich zu engem « jüdischen Altersheim » ëmbenannt gouf an dunn als Sammellager fir Judden hei zu Lëtzebuerg gedéngt huet. Judden hunn hei op hiren Départ Richtung KZ gewaart. Den ZPB huet eng Visite guidée vum Site an Atelier’e ronderëm Liewe vu verschiddene Leit déi hei waren organiséiert. Mëttes war den Här Cukier do. Hien ass en témoin de la 2e génération an huet de Schüler Geschicht vu senger Famill erzielt. Mir soen dem ZPB an dem Här Cukier villmools merci.









