Vum 27.–31. Oktober war Woch vun der Demokratie, an an deem Kader huet den LTL nees eng ganz Rëtsch vun Atelieren ronderëm d’Thema Demokratie organiséiert.
Fir den Optakt vun der Woch war direkt eng Table Ronde fir 3èmen mat VertriederInne vun de Jugendparteien am Festsall ageplangt 💬🤝.
Zu den verschiddenen Atelier’en hunn ënner anerem eng Visite vun der Chamber 🏛️ an der Justiz, eng Visite vun der Escher Gemeng, den Atelier DemocraCity, den Atelier Dilemme Digital 📱⚖️, Lie Detectors 🕵️♂️, eng Visite zu Cinqfontaines a vill aner Aktivitéiten gezielt.
Nieft der Table Ronde an den Atelieren ass et vum 24. Oktober bis den 15. November och méiglech gewiescht eng Ausstellung zum Thema Walrecht am Festsall ze besichen.
All Dag konnten Klassen sech fir Ateliere, Visitten oder Projeten aschreiwen, déi op hir ganz eege Manéier sech mat demokratesche Prozesser an/oder Wäerter auserneesetze konnten.
Mir soen all de Participanten, Enseignanten an Organisatiounen, déi matgeschafft hunn, e grousse Merci 🙏✨ fir dëse villsäitege Programm ze realiséieren. Mir hoffen, datt dëst net den Enn, mee den Ufank vun engem méi nohaltegen Engagement an enger Stäerkung vun der demokratescher Kultur an eisem Lycée war 💡🤝📢.






























