Haut huet de fairtrade-Comité 2 Schüler fir hier aussergewéinlech Leeschtungen dëst Joer ausgezeechent: Am Kader vun eiser Socialmedia-Aktioun an de fairtrade-Woche krut Lara Grilo vun der 2GSO3 de Präis vum beschte fairtrade-Video. Als Fairste Schüler vum Joer gouf de Ruben Cabete vun der 6G06 ausgezeechent: D’Schüler aus dem fairtrade Comité hunn hien op Propose vu sengen Enseignant’en gewielt, nodeems hien dëst Joer vill Engagement gewisen huet an sech agesat huet, wa Matschüler benodeelegt oder ausgegrenzt goufen. Béid Schüler hunn sech iwwer eng fairtrade-Corbeille mat Produit’en aus fairem Handel gefreet!
Net zulescht huet de Comité och nach deene ville Schüler Merci gesot, déi sech iwwer dat ganzt Joer an eisen Aktivitéiten investéiert hunn. E grousse Merci geet net just un de Mike an d’Lara, mee och un all d’Schüler vun der 4C, déi dem Comité noutgedronge mussen äddi soen. Villmools merci iech all fir äert Engagement!