Als Schoul hu mir nieft eiser Responsabilitéit, de Schüler d’Matière an den eenzele Fächer bäizebréngen, och d’Aufgab, si op d’Défi’en an der Welt virzebereeden. Grouss Erausfuerderungen sinn hei d’Verännerungen an der Welt, ënner anerem wéinst Klimawandel a Ressourceknappheet. Ee Bausteen an deem Senisbiliséierungsprozess ass eis Greenweek: Wärend 2 Wochen hu mir eis Schüler mat Hëllef vun Projeten, Visitten an Workshops op d’ Erausfuerderungen vun der Zukunft opmierksam gemaach an si zum Nodenken ugereegt. Entstan ass, nieft enger impressionanter Expo, virun allem e Verständnis dofir , wat jiddereen leeschte kann, deen sech senger Responsabilitéit bewosst ass.
D´Greenweek ass op extern Partner an hir Expertise an de Froen vun der Nohaltegkeet an dem Ëmweltschutz ugewisen. E grousse Merci fir hir Mathëllef gëllt deemno dem Service national de la Jeunesse, eurosolar.lu, dem Mouvement Ecologique, der SES, partage.lu, der Superdreckskëscht, Fairtrade Lëtzebuerg, der Gemeng Esch, dem Monsieur Kühne a sengem Klima-Projet, der Mme Brauckmann-Babic an hirer Equipp mam Projet DripSwitch an dem Konschtdepartement. E grousse Merci geet och un all eis Schüler a Schülerinnen, Enseignanten, an dat ganzt Personal, déi mat vill Engagement un dësem Projet matgewierkt hunn.
Sou hu mir och dëst Joer e staarkt Zeeche gesat, dass et nëmme mat Zesummenhalt an dem Asaz vun all Eenzelen e richtege Wäert kritt.
Zesumme fir eng nohalteg Zukunft – Greenweek 2025
Mir freeën eis elo schonn op déi nächst Editioun an hoffen, dass mir erëm zesummen esou vill Energie, Freed an Engagement an dëse Projet kënnen investéieren!



























