Empathie Projet : intergenerationnellen Echange

Partager

D’SchülerInnen aus der activité parascolaire Empathie 🧑🏼‍🦽‍➡️🤝waren erëm op Besuch an der Maison de Soin Elysis ☀️. Sie hun no der Schoul annerhalef Stonn do verbruecht an dess Keier eng Rei vu spillereschen 🧩🎲 an therapeuteschen Ateliere mat de Residents gemaach an deenen et drëms geet déi kognitiv wei och motoresch Capacitéiten ze fuerderen.

Natierlech leit den Haaptfokus um intergenerationellen 👵🏻🧑🏽Echange dee wärend dësen Momenter entsteet.

E grousse Merci un déi ganz Equipe vun Educateuren aus der Maison Elysis déi eis bei dësem Projet ënnerstëtzen an de SchülerInnen och esou vläit hire Beruff mei no bréngen. Merci och un d’Madame Ianni an den Herr Sousa e Costa déi dësen Projet ennerstezten.

Dei nächst Sortie ass Denstes den 3. Juni 🎊💪🏼, schreift iech an iwwert de QR Code op der Affiche oder bei der Madame Hargarten.

Articles récents

Dans la même catégorie