Den 3. Mai wor nees Porte ouverte am LTL. Iwwer de ganze Moien sinn Honnerte Visiteuren komm, fir sech ze informéieren an sech de Lycée vu méi Noem unzekucken. Si koumen an eng lieweg Schoul, wou sech déi eenzel Servicer, d’Enseignant’en an d’Schüler engagéiert hunn, fir de Leit Ablécker an den Schoulalldag ze ginn an op all hir Froen ze äntweren.


































