Am Kader vum Kuer iwwer Medie waren d’Schüler vun der 3GSO3 op Besuch beim RTL 📺 a beim Eldoradio 📻. Si konnten sech di verschidde Studioen ukucke, wou Sendunge vum RTL Fernseh gedréint ginn, wéi de Kloertext, de Journal, de Magazine oder och de Live! Planet People 🎬.
Si kruten erkläert, wéi de Green Screen funktionéiert 🟩 a wat/ween et alles brauch, bis eng Emissioun fäerdeg ass fir op der Telé gewisen ze ginn. Dono ass et weider bei RTL Radio gaang , wou Schüler kuerz erkläert krute wéi de Radio funktionéiert, wéi eng Zilgrupp den RTL huet 🎯 an inwifern se sech och vum Eldoradio ënnerscheeden.
Dono ass et weider bei Eldoradio gaange 🎶, wou kuerz de Job vum Freelance erkläert ginn ass 📝. Zum Ofschloss duerften se live bei Kelly an d’Sendung. Hat huet hinnen dunn nach emol di ganz Aufgabe vum Animateur erkläert 🗣️, wéi eng Sendung opgebaut ass a fir wat di jeeweileg Knäppercher do waren.
Mir soen der Madame Béatrice Kneip vun RTL an dem Anne Maringer an dem Kelly Tomasini vun Eldoradio merci 🙏 fir hir Zäit ⏰ an di jeeweileg Erklärungen.










