D’Fairtrade-Wochen vum 12.05 bis den 25.05 stinn virun der Dier!
Hutt dir scho mol de Fairtrade-Label gesinn? Natierlech!
Wësst dir, wat en bedeit? Natierlech!
Weist eis äert Wëssen a Kreativitéit!
Schéckt eis e klenge Video (max. 30 Sekonnen), an deem de Fairtrade-Label am Mëttelpunkt steet.
Jidderee dierf matmaachen!
Et ginn zwee Präisser ze gewannen:
• 1 fir d’Personal
• 1 fir d’Schüler
Kuckt iech d’Konditioune fir matzemaachen um Flyer un a verpasst de Video op Instagram net, wou och gewise gëtt, wat e gewanne kann!
D’Gewënner ginn no der Vakanz gezunn.
Vill Spaass a vill Erfolleg!
De Fairtrade Comité



