Visite Vitarium

Partager

👨‍🏫 Schüler vun der 3GSO3 waren am Kader vum Kuer iwwer Ernärung 🍽️ an de Vitarium op de Rouscht .

An enger flotter Visite guidée kruten se Informatiounen iwwer d’Entsteeung vun der Luxlait 🥛, iwwer Mëllechliwwerungen 🚚 an iwwer d’Produktioun: Hierstellung vu Jughurt 🍶, Kachkéis 🧀, Botter 🧈 etc.

An engem Kachatelier 👩‍🍳👨‍🍳 duerften se dunn selwer Gaufren maachen.

Mat dem gewësse Geschéck ✨ sinn dunn och lecker Gaufren entstanen.

Articles récents

Dans la même catégorie