🎓 2GSO4 war am Kader vum Kuer iwwert d’Europäesch Unioun op Bréissel.
Moies konnten si am Parlamentarium 🏛️ nëtzlech Informatiounen iwwert d’Entsteeung vun der EU 🇪🇺, d’Memberlänner an aktuell Problemer 🗞️ kréien.
Dono konnten d’Schüler sech selwer als EU-Deputéierter versichen.
An verschiddene Parteie sollten si iwwert 2 Reglementatiounen 📜 debattéieren 💬 a versichen, Kompromësser 🤝 ze fannen.
Als Ofschloss haten se dunn nach d’Méiglechkeet, am Austausch mat de verschiddenen EU-Deputéierten hir Froen ze stellen.
🙏 Merci dem Charles Goerens, der Tilly Metz, der Isabel Wiseler-Lima, der Martine Kemp, dem Marc Angel an dem Fernand Kartheiser fir hir Zäit ⏳.












