Wantermaart 2024

Partager

Souvill frou Gesiichter , wéi gëschter op eisem traditionelle Wantermaart, ware scho laang nëmméi am LTL ze gesinn. Mir hu mat eisem Wantermaart a villerlee Hisiicht e gudden Zweck erfëllt. Net nëmme mat de Suen déi mir fir karitativ Zwecker gesammelt hunn, mee mir hunn och de Leit e Laachen an d’Gesiicht a Freed an d’Häerz gezaubert. An dat hu mer iech alleguer ze verdanken  well sou en Event stemmt e just wa jiddereen e Bäitrag leescht.

Merci dofir u jiddereen den eng Hand mat ugepaakt huet, sief dat fir ze baken, plangen, spillen, schmaachen, akafen, sangen, grillen, molen, bastelen, schätzen, zesummemëschen, entertainen, sammelen, fir opzeriichten, ofzeriichten, Grill spullen, an alles soss wat dozou bäigedroen huet dass dëst Event e vollen Erfolleg war. 👏👏 Mir halen iech um lafenden wéivill Suen dass mir fir Unity Foundation, Apemh an Atong Apo gesammelt hunn.

Articles récents

Dans la même catégorie

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.