Fir d’éischte Kéier huet de fairtrade-Comité seng Sich nom fairste Schüler am LTL lancéiert gehat. Aus deenen ville Kandidaturen, déi vun den Enseignant’en erageschéckt goufen, hunn d’Schüler aus dem Comité 4 Schüler ausgewielt, déi fir hiert besonnegt Engagement am Laf vum Joer ausgezeechent goufen. Sou kenne mir dem Gil Claus (1TPCE), dem Adnan Kozar (2TPCE) souwéi dem John Luzayamo an dem Jephte Mukanda (4TPGLF) fir hiert virbildlecht Verhalen während dem Schouljoer félicitéieren!
Am Kader vun der Präisiwwerreechung gouf och deene vill Schüler am Comité merci gesot, déi dat ganzt Joer iwwer fläisseg bei der Realisatioun vun deenen eenzelne Projet’e matgewierkt hunn: dem Ksenija Stefanovic, dem Laila Kozar, dem Seca Ledinic an dem Kelly Araujo vun der 3GSO1, dem Amina Softic, dem Rodrigo Lourenco, dem Ognjen Cvijanovic, dem Kenin Adrovic, dem Leandro Miranda, dem Noemie Laruccia an dem Mia Faber vun der 5C, dem Mike Charpentier vun der 4GSO3 souwéi dem Lara Grilo vun der 3GSO3. Merci och iech fir äert Engagement an är Initiative!