Optiounscours Empathie a Wuelbefannen

Partager

D’SchülerInnen vun de 4G Klassen aus dem Optiounscours Empathie a Wuelbefannen waren erëm eng Keier op Besuch an der Seniorenresidenz Païperleck zu Esch. Am Sënn vum intergenerationellen Echange hunn si des Kéier a 4 verschiddenen Ateliere mat den eelere Leit kommunizéiert an interagéiert. Dess Atelieren hunn di jonk selwer proposéiert an organiséiert. Et gouf en Atelier Crêpes, Gesellschaftsspiller, e kreativen Atelier wou T-Shirten fir e puer Residentë gemoolt ginn sinn an ee Groupe war mat de Leit an d’Uelzechtstrooss spadseieren.
Mer soen den Educatricen aus der Residenz e grousse Merci fir d’Ennerstetzung bei dësem Projet, iwwert dat ganzt Joer, esou wei och der Unity Fondatioun fir hir Helef.

Articles récents

Dans la même catégorie