Categories:

Studiereess Auschwitz-Birkenau

An der Allerhelljevakanz gouf déi 25. Studiereess an d’Konzentratiouns- an Exterminatiounslager vun Auschwitz-Birkenau organiséiert a begleed vun der asbl “Témoins de la Deuxième génération” (www.temoins.lu). Schüler aus 12 Lycéeën hun deelgeholl. Och mat um Programm ware Workshops zu ganz verschiddenen Themen.

3 Schüler aus dem Lycée technique Lallange, déi d’lescht Joer mat waren, sin dëst Joer eng 2.Kéier, op fräiwëlleger a bénévoller Basis matgefuer an hun en “Atelier vu Schüler fir Schüler” zum Thema « Befreiung vun Auschwitz » proposéiert!

  • Mike Anen, 1GSO3
  • Francesco Bordignon, 1GSO3
  • Claude Marx, 1TPCE

D’Natasha Ehrmann huet sech an der Emissioun « Am Fong » vum Radio 100,7 mat deser Studierees befaasst. Mat am Studio ware ronderem de Vize-Präsident vun der asbl “Témoins de la Deuxième génération” Marc Schoentgen, och 3 Schüler. Lauschtert eran! Et ass ee ganz interessant Gespréich!

https://www.100komma7.lu/…/202211090905-202211091000

  • Francesco Bordignon, Lycée technique Lallange
  • Emma Garson, Lycée Ermesinde Mersch
  • Angela Perl aus der Ecole nationale des Adultes
Article précédentDT Logistics Award
Article suivantLASEL Championnat Basket

Finale Futsal

Researchers’ Days

Swim Cup

DT Logistics Award