Virtuell Vëlos-Randonnée 2020

Partager

Wat ass d’ « virtuell » Vëlos-Randonnée?
Du fiers zwëscht dem 25. an dem 28. Juni en sportlechen Tour mam Vëlo (Mountainbike (8-30km) oder Stroossevëlo (10-60km) ) an dokumentéiers dat.

Opgepasst!
D’Sécherheet huet absolut Prioritéit. Do e Casque un fir ze fueren, fuer nëmme Weeër déi’s de kenns a wanns de net gewinnt bass op der Strooss ze fueren, da fuer léiwer op Vëlosweeër, Feldweeër oder Bëschweeër 😉

Wie ka matmaachen?
All Schüler an all Proff mat engem 365-Zougang (school.lu oder education.lu)

Wéi kann ech matmaachen?
Dro däin Numm, deng Schoul an deng Kilometeren, déi’s de deen Dag gefuer bass zesumme mat mindestens enger Foto (Foto um Vëlo, Garmin, Tracker…) am Teams-LASEL-Allgemein vun der LASEL an.

Wéi kommen ech am beschten op dee Kanal?
Am beschte mells de dech fir d’éischt am Teams (online am Browser oder an der App) un a klicks dann op de Teams-LASEL-Allgemein. Oder du sichs de Kanal am Teams mat « Einem Team beitreten » a sichs no « LASEL » oder gëss de Code an: g7kshh1

Méi Infos ënner: https://www.lasel.lu/velo2020/

Articles récents

Dans la même catégorie

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.