Categories:

Relais pour la Vie

No villem laachen, kräischen, danzen, sangen, ëmaarmen, applaudéieren, ënnerstëtzen, motivéieren, lafen oder goen, schweessen, Merci soen, gëtt et fir eis Zäit, dëst 2. Editioun vum LTL-Relais pour la Vie ofzeschléissen.
Mir sinn houfereg, dass eise Lycée wärend voller 24 Stonnen op der Piste representéiert war… 1440 Minutten (Merci Rechemaschinn😅) wou déif mënschlech Valeuren eis mat Energie geboost hunn : Solidaritéit, Hëllef, Léift… dat alles (a villes méi) ass den Relais pour la Vie.

Merci also un IECH, déi et erméiglecht hutt, dësen Event onvergiesserlech ze maachen :
– Merci un eis 26 live-Participanten (Erwuessener/Schüler) : är Presenz war Gold wäert an huet jidderengem de Feeling vun Eenheet ginn 💜
– Merci un d’Direktioun, déi eis super T-Shirte finanzéiert huet… mir waren all stolz, den LTL-Logo ze droen💜
– Merci un eis 15 Parrainen, déi et erméiglecht hunn, dass all Schüler gratis matmaache konnt 💜
– Merci un déi vun iech, déi ganz generéis gespend hunn… mir hunn eng schéin Zomm (750€) an eiser Cagnotte (Trophées de l’Espoir) 💜

De Ranking soll am Fong net als solchen interpretéiert ginn… mir hunn ALLEGUER mat eise Moyene participéiert : wat mir wëllen ënnersträichen, ass d’Zesummenhaale vun der ganzer Communauté Scolaire fir dëse wichtegen Zweck… be grateful and embrace LIFE💫.

Article précédent
Article suivant